Kontakt

Rue des Thermes

L-8018 Strassen

Tél.: +352 27 03 00 27

Fax: +352 27 03 00 28

E-Mail:

Couren

Lued den Zaitplang erof

Aqua-Cycling

Dëst Konzept eegent sech fir jiddereen. Intensiv, dynamesch a mat Musek, sou mécht Beweegung nach méi Spaass. Déi verschidden Übunge kräftegen den Ënerkierper a si eng optimal Méiglechkeet fir d'Ausdauer ze trainéieren a sech fit ze halen.

Fir ze bestellen

 

Aqua-Jogym

Lafen am Waasser, daat trainéiert d'Ausdauer a kräftegt d'Muskulatur. Mat Musek mécht den Training gläich duebel souvill Spaass. Bréngt äre Kierper a Schwonk! Aqua-Jogym ass ee komplette Cours mat oder ouni Asaz vu Geräter. Duerno fillt dir iech richteg a Form!

Fir ze bestellen

 

Aqua-Boxing

Energie a Punsch! Dëse Cours ass op verschidden Techniken a Kampfsportarten opgebaut. Ideal fir Kalorien ze verbrennen, fir d’Ausdauer an de Stressoofbau.

Fir ze bestellen

 

Aqua-Mini

Dëse Cours ass fir Kanner am Alter vun 3 Méint bis 3 Joer. En déngt virun allem dozou déi Kléng mat dem Element Waasser vertraut ze maachen a wierkt sech gläichzäiteg positiv op fill Fäegkeeten déi nach ze entwéckele sinn, aus.

Fir ze bestellen

 

Aqua-Senior

Waassergymnastik fir Senioren ass gesond a mécht Spaass. D'Muskele gin gekräftegt an dat ouni grouss Belaaschtung fir d'Gelenker. Den Alterungsprozess gëtt verzögert an am Kader vu Rehabilitatiounsmoossnahmen wierkt sech de Sport am Waasser positiv aus. Waassergymnastik ass eng vun deene beschte Methode fir d'Gesondheet an d'Wuelbefannen z'ënnerhalen a jonk ze bleiwen.

Fir ze bestellen

 

Schwammcoursen

Eis Schwammcoursen adresséiere sech u Kanner an Erwuessener. D’Ziel ass et eng Eegestännegkeet am Waasser z’erreechen an d’Schwammen ze léieren.

Fir ze bestellen